Dëst Joar gëtt iise létzebuerger Crémant, d‘Cuvée „40 Joar Fifty-One Musel“ produzéiert vum Domaine KEYSER-KOHLL vun Éinen.
Dëse Cremant presentéiert sech an enger giel-grénger Faarf, ënnerstëtzt vun engem feinen a gläichméissegen Perlage an iwwerrascht am Geroch mat enger aromatescher Diversitéit vun delikater Brioche, wäisse Friichten a wäisse Blummen begleet vum zaarten Doft vun Zitrusfriichten. De Geschmaach, mineralesch frësch a fein, bestätegt d'Aromatik. D'Finall, laang an delikat, confirméiert en erfrëschende Cremant a voller Harmonie mat der Struktur vun der Cuvée.
Drauwenzorten:
Auxerrois (25%), Pinot Blanc (25%), Chardonnay (20%) Riesling (20%) Pinot Noir (10%)
Mat all Bestellung ennerstetzt dier de gudden Zweck
|